44 View(s)

Haut huelen mir eis mol een aneren Nintendo Switch Titel ënnert Lupp :) an zwar den Xenoblade Chronicles 2. An mir soen et elo mol scho direkt, dat mir vun deem J-RPG positiv iwwerrascht sinn. Wéi ganz oft bei den RPGs, muss een mol een puer Stonnen dran investéieren fir dat ganzt och kënnen ze genéissen. Dat ass hei definitiv den Fall. Deen Universum deen ons hei presentéiert gëtt, déi Exploratioun, d’Faarwen souwéi och d’Musik. Einfach Top ) Do lount et sech 80+ Stonnen dran ze klacken. >> Story + Fight system !? Vun der Story wäerten mir hei net ze vill an d’Detail goen. Do ass et besser dem Rex seng Story selwer ze entdecken. Op allefall, wäert hien an sengem Parkour op vill verschidden Géigner treffen. Obwuel mir hei een puer mol géint déi selwecht Bossen kämpfen mussen, gëtt et nie wierklech repetitiv, wëll trotzdeem ëmmer néi Kampf Aspekter bäikommen. Den Fightsystem dréint sëch ëm déi verschidden « Blades ». An do däerfen mir dann decidéieren wéi eng Rollen (Tank, Heal…) an Elementer déi Blades dann representéieren. Do kann dann jiddereen selwer seng eegen Strategien ausprobéieren. Dat ganzt ass natierlech net einfach hei an een puer Wierder zesummenzefaassen. Op allefall brauch keen Newcomer Angscht ze hunn, wëll alles zimlech gutt, an "step by step" erkläert gëtt. Am Ufank ass och alles zimlech simplistesch, mee gëtt mat der Zäit ëmmer méi komplex an strategesch (Wei an zimlech all RPG). Dobäi ass den « Timing » een vun den wichtegsten Aspekter vum Kampfsystem. Dat muss mol maitriséiert ginn ;) >> Universum + Grafik !? Perfekt ass et natierlech net. Do erkennt een erëm d’Limiten vun der Switch. Mee bei engem J-RPG soll Grafik jo och net onbedéngt den wichtegsten Argument sinn. Ob allefall ass den Universum wonnerschéin, alles an engem « Anime » Aspekt. D’Exploratioun mëscht och extrem vill Spaass wëll déi Welt och vill Varietéit mat sech bréngt. Verschidden Zonen sinn och dynamesch an deems déi sech änneren, an do néi Weeër opginn. >> Sinn ech verluer ? Een negativen Punkt ass d’Minimap. Et kann effektiv virkommen dat een bemol net weess wéi een op déi markéiert Platz kommen soll. Et krit een nëmmen eng Direktioun um Kompass gewisen, mee déi Informatioun geet einsdo oft net duer, esou dat en dann ronderëmleeft an der Hoffnung den richtegen Wee fond ze hunn. Wat mir hei als negativ gesinn, wäerten vlait aanerer gudd fannen… dat ass iech dann iwwerlooss ;) >> FAZIT : Mir hunn hei een « must have » fir all J-RPG Fan. Mir kréien hei alles wat mir vun engem J-RPG erwaard hunn : Solid Story, Kampfsystem, Exploratioun, oofwiësslungsräich Welt. Do däerf dir dann roueg zougräifen . An falls dir d’Occasioun hutt, dann zeckt och net den 1. Deel ze zocken (Wii, Wii U oder New 3DS). Deen gëtt haut nach als en vun den beschten J-RPGs vun allen Zäiten unerkannt. 11F Score - 8/10