1956 View(s)
Lëtzebuerg @F5WC China !!!

Lëtzebuerg @F5WC China !!!

NIKE FC, huet et gepackt. Sie hunn sëch an der „F5WC Luxembourg Qualifiers 2017“ duerchgesat.



Elo däerfen sie vum 28-30 Mee Lëtzebuerg représentéieren, op der Fussball 5vs5 Weltmeeschterschaft. Déi fënnt an China statt, am Liang Xiang Sports Center (Beijing).




„F5WC Luxembourg Qualifiers 2017“ ass vun ALSS (Domenico Laporta) + 11F Sport organiséiert ginn.





Haut stellen mir dem Team Captain mol een puer Froen : :



1- Salut Din, kanns du eis eng Kéier deng Equipe virstellen ? Numm, Virnumm, Role am Team, wou ween am Club spillt ? etc…



- Fabio Matos Alexandre (Golkipp). Club : Racing Futsal

- Aldin Dervisevic (Defense). Club : Canach

- Rafael Rodrigues (Defensive). Club : Rumelange

- Juncai Wang (Offensive + Defensive). Club : Hostert

- Pedro Ferro (Offensive). Club : Canach

- Din Dervisevic (Offensive). Club : Grevenmacher





2- Wéi hu dir iech fir dës Weltmeeschterschaft virbereed ?



Mir hunn eis net sou gudd konnten virbereeden well notamment t'Saison nach am gangen war. Doduerch haaten mir keng Zait fir ennert eis ze traineieren. En plus haten 3 vun eisen spiller (Aldin, Juncai, Pedro) nach den Donnesten Barrage match. Dat heescht ed war leider keng Zait do fir sech virzebereeden.





3- Géint China, Algerien an Panama geet et am Groupe ? wéi gesi dir är Chancen ? Hu dir iech een bessen iwwert d’Géigner informéiert ?



Mir kennen eis Geigner wierklech net aschätzen vue que dass ed dei eischt keier ass wou ma op souengem tournoi matmachen. Mee mir denken schon dass ma eng Chance hunn wäit ze kommen.

Mir hunn absolut keng Infoen iwert eis Geigner. Mir wessen net wat eis dohannen erwuard. Opjidefall wärten mir en positivt Bild hannerloosen an l'Land Lëtzebuerg sou gudd wei meiglech representeieren. :)





4- Wéini komm dir dann un ? Respektiv, wéini flit dir fort ?



Mir fleihen Freiden den 26ten an kommen den Samsden Moien zu Peking un. Den Tournoi ass vum 28ten bis den 30ten. An den 31ten fleihen mir nees zereck.





5- Hu dir dann als Team schon un méi grouss Turnéieren deel gehol ? Oder ass dat elo eng 1. Grouss Erfahrung ?



Nee wei gesoot, ed ass dei eischten keier wou ma op souengem internationalen Tournoi participeieren an mir freehen eis natirlech immens op daat Erliewnis.







Mir stinn opallefall all hannert iech :) An wënschen iech vill Glëck. Mir kucken eis dat alles selbstverständlech am LIVE Stream un ;)



Gidd alles Jongen.



Photo : Stef Guillaume